Géigestand vum Mount März 2025
D'Handschellen
Handschellen, och bekannt als "Handfesselen", gi benotzt fir d'Hänn vun de Leit ze fesselen. Si bestinn aus zwee verbonne Metallreng, déi ronderëm d'Handgelenk plazéiert ginn.
Schonn am Mëttelalter goufen et hallefkreesfërmeg gebéiten Bandeisenhalschechten, déi mat Schlässer oder einfache mechanesche Virriichtungen ausgestatt waren a mat enger Ketten verbonne waren. Iwwerdeems Handschellen mat engem externen Klappschlass mat fiedergelagerten Schrauwgewënn (sougenannte Darby-Typ Schackelen) nach am 19. Joerhonnert, haaptsächlech Groussbritannien an Europa, benotzt goufen, goufen et an den USA vun de fréien 1860er Joeren un ëmmer méi Handschellen mat "modernen" Spärrmechanismus. Erfanner an Hiersteller wéi John J. Tower an Edward D. Bean waren heibei Pionéier.
Den 20. Februar 1912 gouf an den USA deen nach aktuellen Prinzip vum Bigelaarm, deen ëm e Schwenkpunkt duerch en duebele Bou fest an d' Spärr schwéngt, patentéiert.
Handschellen déi aktuell am professionelle Gebrauch benotzt ginn, baséieren technesch haaptsächlech op engem US Patent vum 23. August 1932 vum Harold Wesson / Peerless.
An dësem Fall gouf den internen Mechanismus am Verglach zum eelere Patent nei designt, wat dat ganzt méi einfach a méi elastesch mécht. De Sperrmechanismus fir de gespaarte Klemm (Duebelschlass), deen haut nach oft an enger onverännerter Form benotzt gëtt, gouf och hei fir d'éischte Kéier presentéiert. Déi baussenzeg Form vun der moderner Handschell, déi haut nach ëmmer allgemeng benotzt gëtt, gouf och vun dësem Konzept wesentlech beaflosst.
Wëllt Dir eppes iwwer 'Handschellen' gewuer ginn oder méi wëssen? En klengen Androck kritt Dir an eiser permanenter Ausstellung "Police Fréier Haut Muer" am Policemusée zu Capellen. Visite si méiglech op Rendez-vous.
|