Géigestand vum Mount Februar
De Verkéiersgaart
D’Preventiounsaarbecht vun der Police a vun der Gendarmerie ass deen Beräich dat dacks iwwersinn gëtt. Awer d'Uerdnungskräften ware schonn an den 1950er Joren mat Verkéiersausbildung beschäftegt. Grond dofir war déi ganz héich Zuel vu Kanneraffer am Stroosseverkéier. Nieft de Schülerlotsen an dem Verkéiers-Kasperl sinn bei der Police an der Gendarmerie Verkéiersgäert entstanen. Während an der Stad e festen Trainingsberäich an enger Hal war, war d'Gendarmerie mat hirem „mobile“ Trainingsberäich duerch d'Land ënnerwee.
Nieft den elementarsten Regele vum Verkéiersreglement kruten d'Kanner och bäibruecht Vëlo ze fueren.
Och am 21. Joerhonnert sinn dës präventiv Instrumenter nach bei der Police Letzebuerg am Asaz.
Wëllt dir méi iwwer d'Instruction routière bei Police, Gendarmerie a Police Letzebuerg wëssen? En klengen Androck kritt Dir geschwënn an eiser neier permanenter Ausstellung "Police vu fréier bis Haut" am Policemusée zu Capellen. Visite si méiglech op Rendez-vous
Camille Diener, Februar 2025 |