Newsletter Policemusée vum Mount November

Géigestand vum Mount November

Motocyclette Peugeot am Déngscht vun der Police

Des Motocyclette vum Hiersteller Peugeot, 49ccm, ass de 26. Februar 1982 mat der Immatrikulatiounsplack 37AG (L) vun der Policedirektioun a Betrib geholl ginn a war beim Kommissariat zu Miersch am Asaz, wou se vir Déngschtfaarte benotzt gouf.

No senger Ausserdéngschtstellung bei der Police ass dëst Gefier a privat Hänn komm. Am Joer 2021 ass d‘Motocyclette engem Member vun der A.s.b.l opgefall wéi se bei enger Auto-Garage um Houwald zum Verkaf stoung. 

Esou koum et du, dat d’A.s.b.l dësen Iwwerliewenden vun der aaler Police schlussendlech kaaft huet an an hire Fuerpark integréiere konnt, esou dat en och vir d‘Zukunft erhale bleiwt.

D’Motocyclette ass fuerbereet a gëtt reegelméisseg mat ob verschidden Evenementer geholl. Fir d'Lescht war se op der Journée familiale vun der Police, déi Ufank September 2024 stattfonnt huet, ze gesinn.

Duerch eng speziell Autorisatioun vum zoustännege Ministère, dierf dëst Gefier och nach mat den ale Police-Faarwen a mam Schrëftzuch „POLICE“ ob ëffentlecher  Strooss gefuer gin.

ZENS Laurent, November 2024

Dat nächst Joer feieren de Policemusée an d'Police selwer verschidden Anniversairen.

D'Nei Police kritt 25 Joer

De Musée feiert 15 Joer Bestoen.

D'Post gët bei dëser Geléenheet Timberen eraus.

De Policemusée organiséiert verschidden Feierlechkeeten. Wien wëllt ponktuell hëllefen kann sech gär mellen.

+352 244 30 - 3030

Merci am viraus

Och ons Ausstellung iwert "Dynastie an d'Forces de l'ordre" kënnt dir nach ëmmer besichen kommen!

Sie ass verlängert bis den 24. Februar 2025

(Wäit iwer 1000 Persounen sinn se schon kucke komm!)

Rendez-vous iwwert onsen Telefon:

+352 244 30 - 3030

Update vun der Timberausstellung am Kader vun onser Themenausstellung!

Thema elo: "Grande-Duchesse Josephine-Charlotte - Grand-Duc Jean"

Weideren PROGRAMM 2024

24 November 2024: "Journée histoire locale" zu Vichten (1000-1800)

Um 14 Auer Konferenz vun onsem Président iwert méi wéi 200 Joer Gendarmerie

Weideren PROGRAMM 2025

Samschdes den 22 März 2025 um 17.00 Auer:

Assemblée Générale vun der asbl Policemusée um 1. Stack vum Centre Culturel zu Mamer.

Onsen Musée ass deen Dag vun 15 Auer un op!

Är Equipe vum Policemusée

Accéder au Newsletter

Police Musee    Police Musee 

POLICEMUSEE.LU - LE MUSEE DE LA POLICE GRAND-DUCALE a.s.b.l.

Adresse Musée:  51, route d´Arlon, L-8310 Capellen

Tel: +352 244 30 -3030