Mobilitéit vum Gendaarm/Polizist ass a war och fréier en Thema. Klassesch sinn d´Hären´ zu Fouss gaang, deelweis ass och den ëffentlechen Transport benotzt ginn.
Matt der allgemenger Mobilitéit dei zougeholl huet, an domat verbonnen och d'Akzidenter, huet de Gendaarm/Polizist mei séier musse sinn.
Bei der Gendarmerie ass am Joer 1908 entscheet ginn, dass all Gendaarm een Dengschtvelo misst hunn. Am Joer 1909 huet de Gendaarm dunn ´Vëlosgeld´ kritt, d.h. hien ass bezuelt ginn fir e Vëlo ze hunn.
Dësen Dengschtvëlo huet bestëmmten Krittären missten erfëllen, des waren an den Dengschtvirschrëften (dem bloen Donst) festgehalen. "Von dunkler Farbe und stabiler Bauart", waren z.Bsp. 2 vun dësen Krittären.
2 vun fréieren Dengschtvëloen kennt Dir an der Sammlung vum Policemusée gesinn, e Vëlo huet dann och eng ganz speziell Geschicht.
Dir kennt dëse Vëlo an der permanenter Ausstellung "Police vu Fréier bis Haut" am Policemusée zu Capellen gesinn, dëst op Rendez-Vous.
DIENER Camille, August 2024 |