Léiw "Frënn" vum Policemusée.
Den Objet vum Mount Juli
Zanter dem 19. Abrell 2024 ass am Policemusée eng thematesch Ausstellung iwer eis Dynastie ze gesin. An deser Ausstellung get Geschicht vun eiser Monarchie vun 1815 bis Haut gewisen + erklärt. Niewt Ausstellungsstecker aus der Sammlung vun der groussherzoglecher Famill, sinn och Exponater aus 2 Museen + dem Literaturhaus Miersch ze gesinn.
Aus der Sammlung vum Policemusée stellen mir Iech dann haut eng Foto fir, die am direkten Zusammenhang matt der fréierer Gendarmerie + der Dynastie steet.
Foto weist e Mann an der Uniform vum Grand-Duc Wilhelm IV, dest em ca. 1908. Waat hued et ob sich matt deser Foto? Den Maréchalat de la Cour hued iwer den Kommando vun der Gendarmerie e Gendarm gesicht matt der Kierpergreisst vum Groussherzog. D´Wal ass ob den Gendarm SCHAACK Johann gefall.° Well de Wilhelm IV schon erkrankt war, hued de Schaack während e puer Deeg an der groussherzoglicher Uniform virun engem deemoligen bekannten daitscher Moler poseiert. Als Dank fir des Dengstlesgtung, hued de Schaack d´Erlabnis kritt fir sech an der Uniform vum Groussherzog fotografekieren ze lossen. Des Foto ass vum Berufsfotograf Bellwald vun Bad-Mondorf gemaach gin.
Dir kennt dës Foto an der aktueller Ausstellung "La Dynastie Luxembourg-Nassau et les Forces de l'ordre" am Policemusée zu Capellen gesinn, dest nach bis de Februar 2025. |