Newsletter vum Policemusée iwert d' "LUMUX-DAYS 2024"

Newsletter Policemusee

Léiw "Frënn" vum Policemusée.

Äre Policemusée mécht och dëst Joer erëm bei den "Luxembourg Museum Days" mat.

Dir kënnt ons den 18. & 19. Mee op Capelle besiche kommen. Mir wiere frou ons mat Iech ze ënnerhalen an dir ons eventuell déi eng oder aner Geschicht iwwert d'Gendarmerie oder Police kéint erzielen.

An dat bei engem kille Gedrénks oder Kaffi an engem Stéck Taart oder Kuch.

Mir sinn déi 2 Deeg op vun 10.00 bis 18.00 Auer.

 

Mir weisen Iech och gäre bei dëser Geleeënheet ons momentan Ausstellung: "La Dynastie Luxembourg - Nassau & les Forces de l'ordre"

Dir kënnt ären Auto op der Arelerstrooss oder an der rue du Kiem am ënnerierdesche Parking vun der Schoul ofstellen! 

Wann dir Uniformen / Géigestänn / Dokumenter vun der fréierer Gendarmerie oder Police hutt, da wiere mir frou déi kënnen an ons Sammlung ze integréieren.

Fotoe scanne mir gären eran an dir kënnt, wann dir wëllt d'Originaler halen.

 

Merci a bis den 18 oder 19. Mee zu Capellen

Är Equipe vum Policemusée

Accéder au Newsletter

Police Musee    Police Musee 

POLICEMUSEE.LU - LE MUSEE DE LA POLICE GRAND-DUCALE a.s.b.l.

Adresse Musée:  51, route d´Arlon, L-8310 Capellen