Géigestand vum Mount Dezember
D’ Zellendieren
´Und die Strafe folgte auf dem Fuße´. Mat dësem Zitat vum Wilhelm Busch stelle mir Iech dëse Mount en neit, kuriéist Ausstellungsstéck aus der Polizeihistorischer Sammlung vir.
Fréier ewéi haut och nach wor eng Aufgab vun den Uerdnungskräften d’Stroftäter ze ermëttelen an se de Geriichtsinstanzen ze iwerféieren. No der Verkënnegung vum Urteel duerch de Riichter mussen déi Verurteelt hier Strof untrieden.
Zu Wolz waren am 20. Joerhonnert souwuel e Friddensgeriicht wéi och e Kantonal-Arrest. Déi Arrestzellen waren am Gebai vun der Brigad Wolz am ´Schoulbierg´. Op der Brigade louch e sougenannt “Arrestantenbuch” an dem niewent de Personalien och nach d’Urteel, den Untrëtt an den Arrest a schlussendlech den Entloossungsdatum agedroe waren.
Déi insgesamt 4 Arrestzelle waren zimmlech spartanesch ageriicht. Relativ drakonesch waren dann d’ Strofen, déi vum Friddensriichter ausgesprach goufen. Am Arrestantenbuch hunn mir folgend Strofen fonnt:
„wegen Landstreicherei + Trunkenheit, Urteil am 14. April 1908, 2 Tage Gefängnis und 20 Franken Busse“.
oder
„wegen Fischereivergehen, Urteil am 12. Juli 1907, 50 Franken resp. 30 Tage Körperhaft“.
Fir déi deemoleg Verhältnesser waren des Strofen, virun allem d’ Geldstrofen, drakonesch an ofschreckend. Vill Verurteelter hunn wuel d“Körperhaft” ugetrueden.
Zwou vun deenen Zellendieren sinn am Laf vun de Joerzéngten den Normen ugepasst ginn an et si Verännerungen drun gemaach ginn, wéi z.Bsp. den Abau vun engem sougenannten ´Spioun´, resp. Ubrengung vu Blech an der Bannensäit vun der Dier. Och d’Holz ass deelweis erausgeholl gi fir eng Belëftung ze maachen.
Déi Zellen sinn Unikater a konnten duerch ons der Nowelt erhalen ginn, wéi dat ehemolegt Gendarmerie Gebäi huet missen engem Neibau wäichen.
Eng vun deenen Diere kënnt dir an onsem Musée zu Capellen gesinn. |