Newsletter Policemusée vum Mount August

Léiw "Frënn" vum Policemusée.

Den Objet vum Mount August

 

 

Mobilitéit vum Gendaarm/Polizist ass  a war och fréier en Thema. Klassesch sinn d´Hären´ zu Fouss gaang, deelweis ass och den ëffentlechen Transport benotzt ginn.

Matt der allgemenger Mobilitéit dei zougeholl huet, an domat verbonnen och d'Akzidenter, huet de Gendaarm/Polizist mei séier musse sinn. 

Bei der Gendarmerie ass am Joer 1908 entscheet ginn, dass all Gendaarm een Dengschtvelo misst hunn. Am Joer 1909 huet de Gendaarm dunn ´Vëlosgeld´ kritt, d.h. hien ass bezuelt ginn fir e Vëlo ze hunn.  

Dësen Dengschtvëlo huet bestëmmten Krittären missten erfëllen, des waren an den Dengschtvirschrëften (dem bloen Donst) festgehalen. "Von dunkler Farbe und stabiler Bauart", waren z.Bsp. 2 vun dësen Krittären.

2 vun fréieren Dengschtvëloen kennt Dir an der Sammlung vum Policemusée gesinn, e Vëlo huet dann och eng ganz speziell Geschicht.  

Dir kennt dëse Vëlo an der permanenter  Ausstellung  "Police vu Fréier bis Haut" am Policemusée zu Capellen gesinn, dëst op Rendez-Vous.

 

DIENER Camille, August 2024 

Onsen Shop:

An onsem Shop kënnt dir och eng nei an interessant Broschür vum Paul Heinrich bestellen iwert d'Schicksaler vum Eugène Glodt a vum Jules Dominique.

Dir kënnt des Brochure bestellen durch Iwerweisung vun 10 € op onsen Konto:

CCPLLUL IBAN: LU10 1111 2997 6232 0000

mat der Bemierkung: "Brochure Glodt/Dominique" an ärer Adress

Visite guidée aus polizeilecher Siicht!

PROGRAMM 2024

17 aout 2024: guide for one day Stadtführung (0900-1100)

17 aout 2024: guide for one day Military Cemetery (1400-1600) fully booked

04 septembre 2024: guide for one day Military Cemetary (1000-1200)

04 septembre 2024 guide for one day Stadtführung (1400-1600)

24 novembre 2024:journée 'histoire locale à Vichten (1000-1800)

Infos : GuideForOneDay-www.guideforoneday.lu

Stadtführung = aus polizeilicher Sicht

Military Cemetary = Hamm & Sandweiler

https://policemusee.lu 

Och ons Ausstellung iwert "Dynastie an d'Forces de l'ordre" kënnt dir nach ëmmer besichen kommen!

Rendez-vous iwwert onsen Telefon:

+352 244 30 - 3030

Är Equipe vum Policemusée

Accéder au Newsletter

Police Musee    Police Musee 

POLICEMUSEE.LU - LE MUSEE DE LA POLICE GRAND-DUCALE a.s.b.l.

Adresse Musée:  51, route d´Arlon, L-8310 Capellen

Tel: +352 244 30 -3030