Newsletter Policemusée vum Mount Juli

Léiw "Frënn" vum Policemusée.

Den Objet vum Mount Juli

Zanter dem 19. Abrell 2024 ass am Policemusée eng thematesch Ausstellung iwer eis Dynastie ze gesin. An deser Ausstellung get Geschicht vun eiser Monarchie vun 1815 bis Haut gewisen + erklärt. Niewt Ausstellungsstecker aus der Sammlung vun der groussherzoglecher Famill, sinn och Exponater aus 2 Museen + dem Literaturhaus Miersch ze gesinn.

Aus der Sammlung vum Policemusée stellen mir Iech dann haut eng Foto fir, die am direkten Zusammenhang matt der fréierer Gendarmerie + der Dynastie steet.

Foto weist e Mann an der Uniform vum Grand-Duc Wilhelm IV, dest em ca. 1908. Waat hued et ob sich matt deser Foto? Den Maréchalat de la Cour hued iwer den Kommando vun der Gendarmerie e Gendarm gesicht matt der Kierpergreisst vum  Groussherzog. D´Wal ass ob den Gendarm SCHAACK Johann gefall.°   Well de Wilhelm IV schon erkrankt war, hued de Schaack während e puer Deeg an der groussherzoglicher Uniform virun engem deemoligen bekannten daitscher Moler poseiert. Als Dank fir des Dengstlesgtung, hued de Schaack d´Erlabnis kritt fir sech an der Uniform vum Groussherzog fotografekieren ze lossen. Des Foto ass vum Berufsfotograf Bellwald vun Bad-Mondorf gemaach gin.

Dir kennt dës Foto an der aktueller  Ausstellung  "La Dynastie Luxembourg-Nassau et les Forces de l'ordre" am Policemusée zu Capellen gesinn, dest nach bis de Februar 2025.

°SCHAACK Johann gebuer 14.02.1898 zu Ierpeldeng/Sauer

 

DIENER Camille, Juli 2024

Onsen Shop:

An onsem Shop kënnt dir och elo eng nei an interessant Broschür vum Paul Heinrich bestellen iwert d'Schicksaler vum Eugène Glodt a vum Jules Dominique.

Dir kënnt des Brochure bestellen durch Iwerweisung vun 10 € op onsen Konto:

CCPLLUL IBAN: LU10 1111 2997 6232 0000

mat der Bemierkung: "Brochure Glodt/Dominique" an ärer Adress

Visite guidée aus polizeilecher Siicht!

PROGRAMM 2024

20 juillet 2024 :guide for one day Stadtführung (1330-1530) fully booked

17 aout 2024: guide for one day Stadtführung (0900-1100)

17 aout 2024: guide for one day Military Cemetery (1400-1600) fully booked

04 septembre 2024: guide for one day Military Cemetary (1000-1200)

04 septembre 2024 guide for one day Stadtführung (1400-1600)

24 novembre 2024:journée 'histoire locale à Vichten (1000-1800)

Infos : GuideForOneDay-www.guideforoneday.lu

Stadtführung = aus polizeilicher Sicht

Military Cemetary = Hamm & Sandweiler

https://policemusee.lu 

Och ons Ausstellung iwert "Dynastie an d'Forces de l'ordre" kënnt dir nach ëmmer besichen kommen!

Rendez-vous iwwert onsen Telefon:

+352 244 30 - 3030

Är Equipe vum Policemusée

Accéder au Newsletter

Police Musee    Police Musee 

POLICEMUSEE.LU - LE MUSEE DE LA POLICE GRAND-DUCALE a.s.b.l.

Adresse Musée:  51, route d´Arlon, L-8310 Capellen

Tel: +352 244 30 -3030