Newsletter Policemusée vum Mount Juni

Léiw "Frënn" vum Policemusée.

Mir wëllen Iech eng nei Rubrik an onser Newsletter virstellen:

Den Objet vum Mount

Mir stellen een Objet vir, dee mir och méi genau erklären an deen een och bei ons am Musée ka gesinn. 

Ausgangs leschtem Joer krut de Musée vum deemolege Generaldirekter vun der Police, dem Philippe Schrantz, de Fändel vum Police-Corps verierft, dee vun der Fusioun am Joer 2000 u bis 2018 benotzt gouf. Entretemps krut de Corps en neie Fändel mam aktuellen Emblème wéi et bei der Reform vun 2018 definéiert gouf. 

Speziell un dësem Fändel ass, dat en nach ëmmer d'Monogramme vum Grand-Duc Jean (+23.04.2019) dréit. De Grand-Duc Jean war bei der Fusioun vun der Police a Gendarmerie am Januar 2000 den amtéierende Groussherzog an huet am Oktober vum selwechte Joer zu Gonschte vu sengem Jong, dem Grand-Duc Henri ofgedankt. D’Monogrammen um Fändel sinn allerdéngs ni adaptéiert ginn, bis de Corps 2018 en neie Fändel krut.

Dir kennt dëse Fändel nieft de Fändele vun der aler Police (-1999) an der Gendarmerie (-1999) an der aktueller  Expositioun "la Dynastie et les forces de l'ordre" vum Policemusée ob der Cap gesinn, déi nach bis de Februar 2025 besteet.

ZENS Laurent, Juni 2024

Kennt dir deen, dee mam Fändel op der rietser Foto?  Jo, den aktuellen DG-Adj Engelhardt, deemools (2006) ganz jonken CS.

Kennt een de Gendaarm op de Fotoen?

Mir hunn déi Fotoen aus enger Reportage erausgeholl déi den SWR 1965 an der Abendschau bruecht hat. 

"Grenzaufsichtsdienst"

Deelweis gedréit op der Grenz zu Waasserbëlleg.

De Film ass ze gesinn op:

https://youtu.be/4wpKVtHfVGI?si=gbBqith1QFQPvjdz (einfach hei uklicken!)

Hutt dir Informatioune fir ons?  Maacht ons e Mail op www.policemusee.lu oder telefonéiert ons: +352 244 30 - 3030.

Merci

Bescht Wënsch

Am Numm vun all onse Membere wënsche mir dem neie Generaldirekter Pascal Peters a sengem Adjoint Alain Engelhardt eng glécklech Hand bei hirer neier Aufgab an eng gutt Zesummenaarbecht.

Dem fréiere Generaldirekter Philippe Schrantz a sengem fréieren Adjoint Donny Donven soe mir Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht a wënschen hinnen eng glécklech Pensioun bei gudder Gesondheet.

Visite guidée ënnert polizeilecher Siicht!

Wéi schon déi lescht Joren och bidden mir eng Visite guidée vun der Stadt Lëtzebuerg un: "ënnert polizeilicher Siicht". 

Onsen Président Camille Diener weist Iech ons Haaptstad an erzielt Iech Detailler iwer verschidden Plaatzen a Gebäier déi dir warscheinlech nach nët esou kannt hutt.

Déi lescht Joren waren dës Visitten e groussen Erfolleg.

Déi genée Datummer weisen mir Iech ëmmer aktuell op onsem Site 

https://policemusee.lu 

Mir weisen Iech och nach emol gären op ons momentan Ausstellung hin: "La Dynastie Luxembourg - Nassau & les Forces de l'ordre".

Mir haten déi 2 Deeg vun de "Museum-Days 2024" iwwer 410 Visiteuren! 

Mir sinn houfreg dorobber!

Är Equipe vum Policemusée

Accéder au Newsletter

Police Musee    Police Musee 

POLICEMUSEE.LU - LE MUSEE DE LA POLICE GRAND-DUCALE a.s.b.l.

Adresse Musée:  51, route d´Arlon, L-8310 Capellen

Tel: +352 244 30 -3030