Newsletter vum Policemusée iwert d'Ausstellung "La Dynastie Luxembourg-Nassau & les Forces de l'ordre

Newsletter Policemusee

Léiw "Frënn" vum Policemusée.

Mir wëllen Iech op ons nei Themen-Ausstellung opmierksam maachen, déi dëse Freideg an onsem Musée zu Capellen, 51 route d’Arlon Vernissage huet.

Fir déi Ausstellung Iech kënnen ze weisen hunn mir onse Musée dëse  Samschdech, den 20. Abrëll 2024 vun 10.00 bis 17.00 Auer op.

Weider Terminer kritt dir an nächster Zäit matgedeelt.

Dir kënnt awer och bei ons e Rendez-vous froen fir an aller Rou a mat den néideger Explikatiounen, Iech déi Ausstellung unzekucken. Tel. : +352 244 30-3030

Mir kënnen Iech elo schonn verschidde Biller vun der Ausstellung weisen, ouni Iech awer schonn ze soen, wat fir Funktiounen déi verschidde Mannequinen op de Fotoen duerstellen.

Mir hoffen Iech an är Famill e Samschdeg oder an nächster Zäit bei ons begréissen ze kënnen.

Är Equipe vum Policemusée.

Accéder au Newsletter

Police Musee    Police Musee 

POLICEMUSEE.LU - LE MUSEE DE LA POLICE GRAND-DUCALE a.s.b.l.

Adresse Musée:  51, route d´Arlon, L-8310 Capellen